Mer benotze Cookien - Se hëllefen eis, fir däin Hattrick-Erliefnes ze verbesseren.
Andeems de eise Site benotz, akzeptéiers de datt mer Cookien op dengem Apparat setzen an drop zougräifen.

Hattrick Futtballmanager Spill | Gëff Member vun der gratis Futtball-Welt 

Hattrick Futtballmanager Spill | Gëff Member vun der gratis Futtball-Welt


Manage - an dengem eegene Rhytmus

Du bass souwuel Manager wéi och Besëtzer vum Veräin. Du plangs d'Taktiken, d'Strategie, an den Training op laang Siicht. Log dech all Dag an oder emol d'Woch - wann s Du déi richteg Entscheedungen hells - hueste déi nämlecht Chancen fir Champion ze ginn.

 

Bau deng Ekipp an trainéier se

Entwéckel deng Ekipp duerch Training. Verwalt deng Finanzen. Fann um Transfermaart nei Spiller oder grënn eng Futtballschoul, fir eng nei Generatioun vun Talenter ze fannen.

 

Iwwerrasch deng Géigner

Mooss dech géint aner Spiller an de nationalen Ligen a Coupen. Fänk an den ënneschte Divisiounen un, a schaff dech duerch, bis ganz erop! Du kanns och deng privat Tournoie mat denge Frënn ausriichten.

 

Communautéiten an Applikatiounen

D'Communautéit ass de groussen Atout vun Hattrick. Gëff Member vun eisem liewege Forum a fann Frënn aus der ganzer Welt. Mir hunn flott Apps fir iOS an Android, grad ewéi och eng grouss Auswiel un Software vun aneren Ubidder.

26 Joer
54 Sproochen
149 Länner
14 086 576 Total Benotzer
364 773 792 Forumsbeiträg
833 076 878 gespillte Matcher

De Klassiker ënnert den Online Futtball Manager Spiller

Hattrick ass een Online Futtball Manager Spill, bei dems Du d'Roll vun engem Veräinschef iwwerhells, den sech op der Missioun fir Victoiren, Championstitelen a Coupen ze sammelen, befennt. Du kontrolléiers all d'Aspekter vun dengem Veräin: Kaderzesummesetzung, Transfertmaart-Aktivitéiten a wéi een Training deng Jongen kréie sollen. Du entwéckels Taktiken fir d'Matcher an denger nationaler Liga Amerika oder an der Coupe US Open Cup.

Direkt beim Ustouss kanns Du live materliewen, wéi deng Ekipp sech schléit. Et gëtt ee Speaker, den d'Evenementer um Terrain presentéiert, iwwerdeems Du mam géigneresche Manager iwwert äer Opstellungen am Chat schwätzs. Du kanns d'Spill och zu jidfer Zäit nodréiglech nach kucken an analyséieren.

Hattrick ass virun allem ee strategescht Futtball-Spill, bei dem een op laang Sicht plangen muss. Investéiers Du gäeren an deng Jugendakademie oder leiwer an eeler, erfuere Spiller déi dir Zäit spueren awer dofir méi kaschten? Bass Du éischter defensiv oder ofensiv orientéiert? Deng Entscheedungen vun haut, sinn d'Fundament fir däi spéideren Erfolleg!

Entscheed dech richteg, deng Teenager Talenter si vläicht Superstars an e puer Saisons - vläicht ass souguer de nächsten Lionel Messi, Cristiano Ronaldo oder Kylian Mbappé am Hattrick-Universum dobäi!

De gréisste Spass bei Hattrick ass secherlech d'Interaktioun mat de Besetzer vun anere Veräiner. Du treffs op Veräiner déi vun reelle Persounen geleed ginn, an déi versichen wäerten dech ze iwwerleschten, fir géint dech ze wannen. An dëser groussaarteger Communautéit kanns Du dech am Chat oder am Forum mat anere Spiller iwwert Trainingskonzepter, Taktiken, asw austauschen oder einfach mat relaxe Léit an d'Gespréich kommen

Vläicht rift den Kadercoach dech un, fir datt däi beschte Spiller bei der Nationalekipp USA matspille sollen! All Saison organiséiert Hattrick eng Weltmeeschtesrschaft, fir d'Senioren a fir d'U21-Ekippen. Den aktuelle Hattrick Weltmeeschter ass Argentina! Gratulatioun!

Wanns Du bis e staarke Manager bass, da kanns Du dech opstellen, a vun aneren Benotzer, als Trainer fir d'Nationalekipp gewielt ginn. De Moment ginn et 149 national Ligen bei Hattrick, an Du kanns ee Kandidat fir eng vun hinne sinn, och wann däi Veräin an engem aneren Land spillt.

Bei Hattrick gëtt et ëmmer Eppes ze maachen, entweder häenks Du an de Foren fir iwwert Hattrick oder allgemeng iwwer Futtball Neiegkeeten ze chatten, oder du sichs um Transfertmaart no enger gudder Affaire fir deng Ekipp ze verstäerken.

Wat richteg gutt un Hattrick ass: Du spills no dengem Rhytmus - Du kanns eng hallef Stonn an der Woch verbrengen, fir séier deng Opstellung an däi Trainingsplang fäerdeg ze maachen, oder du hänks dech stonnelang drun - Du kanns egal wéi erfollegräich sinn - soulaang s Du déi richteg Entscheedungen hells.

Bei Hattrick gëtt et keng pay-to-win Funktiounen. Du muss dech net all Dag aloggen fir en In-Game Konto opzelueden oder ee Bonus ze sammelen. Du kanns awer Hattrick Supporter ginn, a vu ville Features profitéieren déi dir d'Spill erliichteren awer keen Virdeel géigeniwwer vun anere Manager brengen.

Hattrick ass d'Original vun allen online Futtball Manager Spiller, a mir sinn online zanter 1997. D'Grënner si nach ëmmer aktiv, an engagéieren sech fir Hattrick als gratis Futtballspill unzebidden.

Mir mengen datt et d'Meschung ass déi Hattrick zu sou engem attraktiven an eenzegaartege Futtball Manager Spill mécht. Eng Engine, mat der ee sech kann ausenanersetzen, flott Concoursen op verschiddene Niveauën a virun allem reell Géigner mat deenen s Du interagéieren kanns.

Dozou kennt nach, datt verschidde Komponenten vu diversen Fantasy Football Spiller an awer och vun Konsolespiller wéi FIFA Ultimate Teram genotzt ginn, fir d'Spill méi attraktiv ze maachen.

Mir heeschen Iech häerzlechst Wëllkomm bei Hattrick - dem beschte, gratis Online Futtball Manager dobaussen! Du kanns dech direkt umellden - entweder an der Browser-Versioun (keen Download néideg) oder an der gratis App fir iOS oder Android, déi Iech déi nämlecht Funktiounne wéi d'Websäit ubidden.

Awer Opgepasst! - Hattrick mécht süchteg. Vill vun eise Benotzer si schonn 10 oder méi Joren mat dobäi, an datt ëmmer nach aktiv an erfollegräich!

 
Server 071